Player FM - Internet Radio Done Right
Checked 6h ago
Added seven years ago
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App
Go offline with the Player FM app!
Go offline with the Player FM app!
Podcasts Worth a Listen
SPONSORED
When a young Eva Kollisch arrives as a refugee in New York in 1940, she finds a community among socialists who share her values and idealism. She soon discovers ‘the cause’ isn’t as idyllic as it seems. Little does she know this is the beginning of a lifelong commitment to activism and her determination to create radical change in ways that include belonging, love and one's full self. In addition to Eva Kollisch’s memoirs Girl in Movement (2000) and The Ground Under My Feet (2014), LBI’s collections include an oral history interview with Eva conducted in 2014 and the papers of Eva’s mother, poet Margarete Kolllisch, which document Eva’s childhood experience on the Kindertransport. Learn more at www.lbi.org/kollisch . Exile is a production of the Leo Baeck Institute , New York | Berlin and Antica Productions . It’s narrated by Mandy Patinkin. Executive Producers include Katrina Onstad, Stuart Coxe, and Bernie Blum. Senior Producer is Debbie Pacheco. Associate Producers are Hailey Choi and Emily Morantz. Research and translation by Isabella Kempf. Sound design and audio mix by Philip Wilson, with help from Cameron McIver. Theme music by Oliver Wickham. Voice acting by Natalia Bushnik. Special thanks to the Kollisch family for the use of Eva’s two memoirs, “Girl in Movement” and “The Ground Under My Feet”, the Sophia Smith Collection at Smith College and their “Voices of Feminism Oral History Project”, and Soundtrack New York.…
Kultur
Mark all (un)played …
Manage series 2112465
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
…
continue reading
52 episodes
Mark all (un)played …
Manage series 2112465
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
…
continue reading
52 episodes
All episodes
×Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir de Weekend net verpasse sollt.
Gëschter war d’Ouverture vum LuxFilmFest – dëst Joer mat engem Ouverture Film, an deem d’Vicky Krieps matspillt an deen och op der Berlinale am Wettbewerb gelaf ass. Hot Milk vun der Rebecca Lenkiewicz ass eng Verfilmung vum Roman vun der Déborah Lévy – a verhandelt ënnert anerem eng toxesch Relatioun tëscht enger Mamm an hirer Duechter. Dernieft ass haut um Freideg den éischte Film am Dokumentarwettbewerb ugelaf – A Fidai Film vum Kamal Aljafari erzielt op eng experimentell, wéineg narrativ Manéier d’Geschicht vum palästinensesche Vollek mathëllef vun Archivbiller, Prosa vum Auteur Ghassan Kanafani an der “Kamera vun den Depossedéierten”. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker hu sech déi zwee Filmer ugekuckt.…
D'Serie hëlt eis mat bei déi nuklear Katastroph zu Tschernobyl am Joer 1986. Wéi konnt et dozou kommen, a wéi hunn déi verschidden Acteuren dorobber reagéiert? Eng Serie, déi déi mënschlech a politesch Feeler weist an een duerno mat der Fro zeréckléisst, wier dat haut esou nach eemol méiglech? De Pit Walté stellt d'Serie vir.…
D’Harf ass e ganz duusst, rouegt a langweilegt Instrument, dat dacks just da genotzt gëtt, wann et drëm geet, datt d’Musek eng verdreemte Stëmmung kritt. Mee stëmmt dat? “Nee”, seet d’Catherine Beynon. Fir déi verschidde Facettë vun hirem Instrument ze weisen, trëtt d’Harfenistin vun de Lëtzebuerger Philharmoniker e Sonndeg um 11 Auer am Kammermusekssall vun der Philharmonie op a proposéiert mat anere Membere vum Orchester e Programm ronderëm den Titel Harp in Harmony. De Luc Boentges huet mat der Solistin iwwer d’Harf an d’Affiche vun dësem Concert apéritif geschwat.…

1 Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz 7:33
7:33
Play Later
Play Later
Lists
Like
Liked7:33
Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.…

1 Taste In Music - Luke Pyenson and Alex Bleeker 5:25
5:25
Play Later
Play Later
Lists
Like
Liked5:25
Mat kaum eppes kann ee Museker:innen op Tour esou vill Freed maachen, wéi mat engem anstännegen Iesse virum oder nom Concert. Dat entschiedegt fir dat gefillt dausendste Bréitche vun der Tankstell, dat een an der Hetz am Van iesse muss. A well den zwee Auteuren Alex Bleeker a Luke Pyenson d'Musek genee esou um Häerz läit wéi de gudde Kascht, hu si iwwer d'Iessen on Tour e Buch geschriwwen. Et nennt sech "Taste in Music" an d'Claudine Muno huet fir eis dra gebliedert.…
Haut den Owend (6.3.) start déi 15. Oplag vum LuxFilmFest mam Erëffnungsfilm "Hot Milk" mat der Vicky Krieps, deen och op der Berlinale gelaf ass an do eidel ausgoung. Mir lauschteren nach eemol d'Gespréich, dat de Michel Delage mam Programmdirekter Alexis Juncosa geféiert huet an an deem den Alexis Juncosa ënner anerem erkläert, wat ee sech dëst Joer um Festival kann erwaarden.…
Eng BD vun der Italieenerin Simone Mogavino, déi eis mat en eng Science-Fiction-Welt hëlt. Hei kréie mir d'Geschichte vun zwee verschiddene Personnagen erzielt, déi aus aneren Deeler vum Universum kommen. Den Nicolas Calmes huet sech d'Wierk ugekuckt.
D'Ana Maria Tzekov, huet zanter Abrëll 2024 d'kënschtleresch Leedung vum CAPE iwwerholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt si, wéi een et trotz der héijer Verantwortung packt, eng gutt Work-Life Balance ze halen, wéi hir Erfarungen an der Wiener Volksoper an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg hir Visioun fir de CAPE präägt. Si erkläert wourauser d'Aarbecht vun enger Directrice artistique besteet an iwwerhaapt: wéi et hir geet.…
De Conseil d’Administration vu Musek am Syrdall huet haut op der Websäit vun der ASBL matgedeelt, datt dëst Joer déi lescht Editioun vum Festival stattfënnt. De Grond wier eng positiv Entwécklung vun der Lëtzebuerger Kuturzeen, déi sech “largement profesionnalisée et diversifiée” hätt. Domat wier de Festival, deen 1988 gegrënnt gouf, hautzedaags net méi an der Lag ze bestoen. De President Jeannot Waringo huet am Interview mam Christophe Mirkes méi ausféierlech iwwer d’Hannergrënn geschwat. Déi lescht Editioun vu Musek am Syrdall fänkt den 23. Mäerz 2025 un.…
D’Lëtzebuerger BD huet sech an de leschte Joerzéngten immens moderniséiert. Bei den Auteuren ass Geschicht nach ëmmer ee ganz beléiften Theema. Wisou dat esou ass, a wéi Geschichts-BDen zustane kommen, dat konnt ee Mëtt Februar op enger Diskussiounsronn am CNL gewuer ginn. D’Claire Barthelemy war fir eis op Miersch kucken.…
Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwer den Atlantik geflunn. D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen enger Sängerin. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Ensembel United instruments of Lucilin. D'Opféierung ass den 8. Mäerz 2025 um 18:00 am Kapuzinertheater an der Stad. D'Albena Petrovic schreift awer net nëmmen Operen. Si ass grad erëm vun New York, wou e Concerto vun hir an der Carnegie Hall opgeféiert gouf ...…
De brasilianesche Polit-Drama "I'm Still Here" gouf hënt mam Oscar fir dee beschten internationale Film ausgezeechent. Bei eis leeft de Film zënter der leschter Woch am Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi haten "I'm Still Here" de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat.
Ausser datt seng Mamm op der Lëtzebuerger Ambassade zu Wien schafft, hat de Lukas Sternath bis elo keng Relatioun mat Lëtzebuerg. Nach ewell gouf de Pianist gemeinsam vum Musikverein Wien, dem Konzerthaus Wien an der Philharmonie fir d’Serie Rising Stars nominéiert. Muer Dënschdeg, 4. Mäerz, feiert de Lukas Sternath an dëser Concertsrei säin Debut zu Lëtzebuerg.…
No "Mettre au Monde" - ee Stéck iwwer Leihmutterschaft - brécht d’Realisatrice Renelde Pierlot mat engem weideren Tabou-Sujet a proposéiert mat "Les jours de la lune" ee Stéck iwwer Menstruatioun. "Pas le sujet le plus vendeur qui soit", seet eng Figur um Ufank vum Stéck. An awer - oder eebe grad - ass et een Theema, dat jiddweree betrëfft. "Les jours de la lune", geschriwwe vun der Renelde Pierlot an dem Francesco Mormino, ass eng Rees vum Obskurantismus an d’Luucht vun der Wëssenschaft an der Gläichberechtegung. De Jeff Schinker huet d’Metteuse en scène fir ee Gespréich an de Studio agelueden.…
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.